Cyberfox

Am Kader vun der Année Européenne de l’Education et de la Formation tout au long de la Vie huet de Lycée Michel Rodange (LMR) 1996 e Pilot Projet fir Teleformatioun, mam Numm Cyberfox, gestart. Den Initiator a Chef de Projet war de Sprooche-Professer Georges Barthel aus dem LMR.

De Projet gouf supportéiert vun der Europäescher Kommissioun (CE), dem Ministère de l’Education Nationale (MEN), dem RESTENA an der POST. De Konzept gouf ufanks 1996 validéiert. De 14 Mäerz 1996 gouf de Projet an enger Pressekonferenz dem Public vun der Educatiouns Ministesch Erna Hennicot-Schoepges virgestallt.

Am Konzept war virgesinn dass bis zu 12 Schüler aus 4ièmes Klassen an 3 Proffen op fräiwëlleger Basis bei der Onlineformatioun kënnen matmaachen. Eng Konditioun war doheem e Computer ze hunn. Wéi sech dunn 18 Schüler an 12 Proffen gemellt hunn, gouf de Projet no kuerzer Diskussioun am Aarbechtsgrupp op déi Zuel ausgebaut. Op 3ième goufen Cyberfox Teilnemer aus dräi verschiddenen 4ièmes Klassen an enger Cyber-Class regroupéiert. D’Proffen a Schüler déi matgemaach hunn konnten sech vun doheem iwwert den Internet op e Schoulserver am LMR connectéieren. Meng jéngsten Duechter hat deemols och matgemaach.

D’POST hat allen Teilnemer en ISDN-Uschloss zum Preis vun engem normalen Telefonsabonnement zur Verfügung gestallt, mat enger Franchise vun 20 Stonnen um Trafic, pro Mount. Den techneschen Support fir de Server an fir d’ISDN Equipementer gouf vun RESTENA assuréiert.

Samschdes de 30 Mäerz 1996 huet Directrice vum LMR an ech, seet de Geck, den Elteren vun de Schüler Erklärungen zum Projet ginn an op hir Froen geäntwert. All Elteren waren begeeschtert an hunn direkt d’Formulairen fir d’Participatioun um Projet Cyberfox a fir den ISDN-Uschloss ënnerschriwwen.

De Projet ass am drëtten Trimester 1996 ugelaf an huet sech iwwert déi zwee éischt Trimesteren vun 1997 higezunn. Niewent de Sproochen goufen Biologie, Economie, Geschicht, Mathematik, Philosophie a Physik mam Cyberfox enseignéiert. De Projet gouf akademesch begleet an dokumentéiert vun engem Student op der Universitéit zu Nanzeg, deen e Mémoire “Apprendre par le Multimédia: Travail d’enquête sur la jeunesse luxembourgeoise de 13 à 20 ans à l’école et à la maison” am Kader vun senger Maîtrise an der Educatioun, Optioun “société et communication”, geschriwwen hat. Säin éischten Job huet dee Student iwwregens 1999 bei der POST am Marketing vun den Telekommunikatioune fonnt. Am Joer 2008 ass hien an säi geléierte Beruff, d’Educatioun, gewiesselt.

De Georges Barthel huet de Projet Cyberfox um Forum EURO-ISDN Saar-Lor-Lux 96 den 12 Juni 1996 zu Metz virgestallt, deen France Télécom, zesumme mat der POST an der Deutsche Telekom, organiséiert hat. A sengem Schlussrapport vum Abrëll 1997 beschreift an evaluéiert de Georges Barthel Resultater vum Projet, souwuel déi positiv Effekter wéi d’Problemer déi opgetratt waren.

Global gesinn war de Cyberfox e groussen Erfolleg, dee weit iwwer Erwaardungen erausgoung.