D’Post huet sech een neit Gesiicht ginn

RTL – 16.06.2013
Aus P&T gëtt ganz einfach “Post Luxembourg“. Deen neien Numm, d’Strategie an een neie Logo goufen e Samschdeg an der Rockhal virgestallt.

post1
Aus P&T, also Post et Télécommunications, ass also elo ganz einfach “Post Luxembourg” ginn. Deen neien Numm ass an der Suite vun der Strategie vun der Post, déi schonn am Abrëll virgestallt gouf, huet de Generaldirekter Claude Strasser erënnert.

post2
Et geet also drëm eng eenheetlech Mark fir de Grupp ze hunn, dofir einfach Post Luxembourg, esou de Claude Strasser.

D’Post ass ee vun de gréissten Employeuren am Land, mat haut 4.000 Beschäftegten.