Partenariat P&T – SNT

rtl.lu novembre 2009

1. Rei, v.r.n.l.: Marcel Gross (Generaldirekter, P&T), Rolf Tarrach (Rektor, Universitéit), Björn Ottersten (Direktor SnT, Universitéit). 2. Rei, v.r.n.l.: Marco Barnig (Member vum Direktiounskomite vun der Telekomsdivisioun, P&T), Thomas Engel, stellv. SnT-Direktor, Universitéit); Kate Yeadon (Project Manager Telekom, P&T), Dominique Vautrot (Rechtsberoderin, P&T); Jean-Marie Spaus (Direkter vun der Telekomsdivisioun, P&T).

D’Post schafft mat dem “Interdisciplinary Center for Security, Reliability and Trust” (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg zesummen, fir am Beräich vun den neien Technologien ze fuerschen.

De 6ten November 2009 gouf e Partenariat ënnerschriwwen; et geet dobäi an der Haaptsaach ëm nei Projeten wat den Internet an d’Automobilsbranche betrëfft, d’Kommunikatioun vu Maschinn zu Maschinn, Logistik an nohalteg Entwécklung.

D’Post stellt den Know-How an d’Ressourcen zu Verfügung fir zesumme mat de Fuerscher an Doktoranden vun dem SnT de Fuerschungsprogramm op d’Been ze stellen.

D’Post gesäit doranner eng Méiglechkeet, hir Strategie kënnen ze diversifizéieren.