HealthNet & Esculap

Den 31 Mäi 1996 gouf op der Cloche d’Or am Gebai vun der Division des Télécommunications d’HealthNet Konventioun vun der POST, dem Centre de Recherche Public Henri Tudor (CRP-HT) an dem Gesondheetsministère ënnerschriwwen. Domat gouf e Pilotprojet vun engem medezineschen Telematiknetz gestart, un dat deemools déi folgend Acteuren ugeschloss waren :

  • d’Spidol vun der Stad Esch-Uelzecht
  • d’Clinique Sainte Marie vun Esch-Uelzecht
  • d’Spidol vun Diddeleng
  • d’Unioun des Caisses de Maladie
  • e Laboratoire fir medezinesch Analysen
  • e fräischaffenden Dokter (Generalist)

Den HealthNet war vum Centre de Ressources Technologiques pour la Santé (SANTEC) am CRP-HT entwéckelt ginn. D’HealtNet Konventioun huet de Fonctionnement an de Finanzement vum Pilotprojet gereegelt. Den HealthNet ass evoluéiert an ausgebaut ginn. Haut sinn all Acteuren aus dem Gesondheetswiesen dorun ugeschloss. Dëst Netz ass d’Réckgrat vun allen medezineschen Applikatiounen déi am Kader vun der Bekämpfung vum Corona Virus an de leschte Wochen virgestallt goufen.

Den HealthNet leeft haut ënnert der Regie vun der Agence eSanté (Agence Nationale des informations partagées dans le domaine de la santé)  a gëtt nach ëmmer vun der POST bedriwwen. Verschidden technesch Infrastrukturen vun der Agence eSanté ginn vun der POST-Filiale eBRC bereetgestallt.

De Resource Center SANTEC war 1991 um CRP-HT gegrënnt ginn. Initiator war de Robert Kanz, deen op der Universitéit vu Compiègne (UTC) seng Dokteraarbecht am Beräich vun der Imagerie Médicale duerchgefouert huet.

Op der Basis vum HealthNet Pilotprojet hat POST en Produit Télémédecine zesummegestallt mam Numm Esculap.

Et huet sech em ISDN an ATM Uschlëss gehandelt, déi duerch e “groupe fermé d’usagers” (CUG) securiséiert waren. Am Preis vum Abonnement war e Forfait fir Kommunikatiounen an fir medezinesch Servicer vun der SANTEC abegraff. Ech hunn dëse neien “Package de services de télécommunications avancés en télémédecine” den 20 Juni 1996 den Dokteren am Kader vum “Symposium International de Gynécologie et d’Obstétrique” zu Lëtzebuerg virgestallt. Dëse Symposium huet vum 20 bis 22 Juni 1996 an de Lokalitéiten vun der Europäescher Kommissioun um Kierchbierg stattfonnt. Ech hat keng grouss Audienz wärend mengem Virtrag. Et sinn etlech Sessiounen um Symposium parallel gelaf a warscheinlech haten Dokteren méi interessant Themen wéi den Esculap ze lauschteren.

Bis Enn 1996 waren d’Esculap Uschlëss am Kader vum HealthNet Pilotprojet gratis. De kommerzielle Service huet den éischten Januar 1997 ugefaange. Fir POST war den Esculap en Erfolleg wann een d’Zuel vun de Uschlëss consideréiert, mee fir Prestatioun vun den medezinesche Servicer à “valeur ajoutée” war et méi schwiereg. De Robert Kanz gouf am November 1996 Direkter vum Centre de Recherche Public Santé (CRP-Santé)  a krut domat aner Responsabilitéiten. Aus dem CRP-Santé gouf ufanks 2015 de Luxembourg Institute of Health (LIH) mat Inclusioun vun der Integrated BioBank of Luxembourg (IBBL).