MatheMarmite

MatheMarmite ass e Computerspill bei deem kléng Kanner léieren zielen an déi verschidde Manéieren fir Zuelen duerzestellen erfaassen kennen.
D’Zil vum Spill ass et e Monster ze bauen an d’Resultat a sengem Monster Fotobuch ze späicheren. D’Kand sicht sech fir d’éischt e Baudeel vum Monster aus enger Lëscht eraus a kritt dann e Rezept ugewisen mat Zutaten déi an engem Hexekessel gekacht musse ginn. Enner den Zutaten fënnt e Spannen, Pilzen, Fliedermais, Mouken an aner komesch Saachen. Um Rezept steet Zuel vun all Zutat a verschiddene Formen: Zuelen, Strécher , Punkten, Fangeren, an esou weider. Wann een am Dëppen réiert an d’Zuel vun den Zutaten war richteg verwandelt sech de Männchen am Spill no an no mat dem ausgewielten Baudeel zum Monster. Wann et falsch war explodéiert de Kessel.
MatheMarmite gouf op der Uni Lëtzebuerg am interdisziplinären Fuerschungsgrupp Psychology + Technology (xCIT) entwéckelt. De Leader vun dem Grupp ass de Pedro Cardoso-Leite. An engem Video um Youtube  stellt hien sech fir.
MatheMarmite ass net nëmmen e Spill, mee virun allem e Fuerschungsprojet. Et geet drëm erauszefannen wéi d’Léieren bei de Kanner fonctionéiert. Duerfir iwwermëttelt d’Applikatioun kontinuéierlech Daten op de Server vum xCIT an de Schwieregkeetsgrad vun MatheMarmite gëtt lafend fir all Kand, dat sech identifizéiert an ageloggt huet, un seng Entwécklung ugepasst.
D’Applikatioun kann fir iOS am AppStore a fir Android am GooglePlay gratis erof gelueden ginn. Déi aktuelle Versioun ass 1.6.35.5. Um Youtube kann een en Trailer iwwert MatheMarmite kucken.
Ech hat d’Spill ufanks 2019 fir meng Enkelkanner um iPAD installéiert a si haten vill Freed domat. Ech hunn e klénge Video, vertount mat der Originalmusëk, zesummegestallt an hei opgelueden.

Bibliographie