Epidemiology a Konscht

Kann kënschtlech Intelligenz (AI) hëllefen am Kampf mam Corona Virus ? Jo, seet de Marcel Salathé aus der Schwäiz, awer nëmmen wann mënschlech Dommheet eis kee Stréch duerch d’Rechnung mécht.

De Marcel Salathé ass säit 2015 Professer op der Technescher Héichschoul zu Lausanne (EPFL) a bedreift do e Labo fir digital Epidemiology. Hien huet Biologie op der Uni zu Basel studéiert an dono en Doktorat an Ëmweltwëssenschaften op der ETH Zürech ofgeschloss. Anschliessend huet hien sech vun 2008 bis 2015 als Post-Doktorand an Assistenz Professer op den Universitéiten vun Stanford a Penn State an der Analyse vun der Ausbreedung vun Infektiounskrankheeten spezialiséiert. Zesummen mam David Hughes huet hien den “open access” Projet PlantVillage initiéiert,fir klengen Baueren weltwäit ze hëllefen méi Liewensmëttel ze produzéieren.

Op der EPFL hat de Marcel Salathé mat crowdAI eng Plattform geschaf fir mat kënschtlecher Intelligenz alldeeglech Problemer ze léisen. Zesummen mam Sharada Mohanty huet hien am November 2018 eng nei Plattform AIcrowd gegrënnt , déi op OpenScience an OpenData baséiert ass,awer deenen selwechten Zwecker déngt. E Joer méi spéit gouf deen éischten Projet crowdAI zougemaach.

De Google Projet Flu Trends, dee vun 2008 bis 2015 ënnert der Leedung vum Roni Zeiger duerchgefouert gouf, huet mat den Daten vu Google Search versicht de Verlaf vun der Gripp an aneren Epidemien virauszesoen. Dëse Projet huet de Marcel Salathé op d’Iddi bruecht den digitalen Epidemiology Laboratoire op der EPFL ze schafen.

De Marcel Salathé ass net nëmmen e brillante Wëssenschaftler, mee och e groussaartege Kënschtler. Niewent enger Carrière als Museker an enger Band huet hien 2006 de konzeptuelle Konschtprojet One Thousand Paintings lancéiert.

E Bild huet aus enger wäisser Leinwand mat enger bloer Zuel bestan. De Präis war eng Funktioun vun der Zuel um Bild a vun der Unzuel verkaafter Biller. Den australesche Kënschtler Anthony White hat 2004 en änleche Projet gestart mat Biller wou e Montant an Devisen vun australeschen oder US $, vun englesche £ an europäeschen € ofgebillt waren, a verschiddenen Faarwen.

Béid Kënschtler hunn sech begéint a Frëndschaft geschloss. Am Hierscht 2007 hunn si zesummen de Projet Salathé & White Bonds lancéiert. D’Bild war eng Zort Scholdschäin. Op enger wäisser Leinwand war en Text geschriwwen dass de Besëtzer vun deem Bild zu engem bestëmmten Datum eng am viraus fixéiert Zomm Geld géif kréien. De Motto vun dem konzeptuelle Konschtwierk war deen heiten:

Here is the reasoning behind the Salathé & White paintings:

  • Everything is valued by the price someone is willing to pay. Art is no exception.
  • The longevity of a work of art depends on its value, not its beauty. That’s because beauty is in the eye of the beholder, while money is not.

If you agree with this statement, that’s because it is true.
If you disagree with this statement, that’s because it is art.

Wat huet dat ganzt mat Lëtzebuerg ze dinn ? Näischt Direktes, mee indirekt doduerch dass am Mäi 2009 d’Bild 658 vum Marcel Salathé, d’Bild 130€ vum Anthony White an d’Bild Bond No 2 vu béiden Kënschtler an der Leslies Artgallery um Briddel ausgestallt war.

Ech hat de Bond No 2 den 17 Mäerz 2008 op eBay fir 960 US $ gesteet. Ech hätt e kënnen e Joer méi spéit fir 1369 € zréck schécken. Dat hunn ech awer net gemaach an hoffen dass en haut méi wäert ass.